Europäesch Woch vun der MedienerzéiungFir d'Alia e gudde Moment, fir eng Bestandsopnam ze maachen

Pit Everling
Vum 18. bis den 22. Mäerz ass déi europäesch Woch vun der Medienerzéiung.
© René Pfeiffer / RTL Télé Lëtzebuerg

Et ass déi éischt Editioun. D'Initiativ kënnt vun der Europäescher Kommissioun.

Zu Lëtzebuerg hu sech an deem Kontext eng Rei concernéiert Partner zesumme gedoe fir Projeten op d'Been ze stellen. Si hunn decidéiert, datt et wärend engem ganze Mount Projete wäert ginn.

Fir de Romain Kohn, Direkter vun der onofhängeger Autoritéit fir audiovisuell Medien, ass dëst eng gutt Geleeënheet fir eng Bestandsopnam ze maachen. Et hätt een dohier och all méiglech Partner geruff, fir hire Point de Vue kënnen duerzeleeën an och fir d'Zukunft eventuell kënne weider zesummeschaffen.

De Romain Kohn iwwert eng méiglech Zesummenaarbecht

Zu de Partner gehéieren nieft der Alia och den Educatiounsministère, de Presserot, Digital Lëtzebuerg, den Zentrum fir politesch Bildung, d'Agence fir d'Informatioun vun de Jonken an de Service national de la Jeunesse

A ganz Europa gëtt et an deem Kontext Initiativen.

Back to Top
CIM LOGO