Martine Deprez mat AnnoncenQuadripartite plangt Mesuren, fir d'CNS finanziell ze reequilibréieren

François Aulner
Dës Moossname géinge 95 Milliounen Euro ausmaachen, esou d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez no der Quadripartite um Mëttwoch de Mëtten.
© Pierre Jans
Quadripartite plangt Mesuren, fir d'CNS finanziell ze reequilibréieren
Dës Moossname géinge 95 Milliounen Euro ausmaachen, esou d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez no der Quadripartite um Mëttwoch de Mëtten.

Spuermesurë wieren et keng, mee Mesuren, fir d’Ausgaben ze bremsen.

D’Krankeversécherung huet 2025 en Defizit vun 100 Milliounen Euro gemaach an dëst Joer leeft et op 126 Milliounen eraus. Deem Trend no wier d’Reserv dat iwwernächst Joer ënnert dem legale Seuil vun 10% vun de Gesamtausgaben a Cotisatiounserhéijunge missten an d’A gefaasst ginn. Fir dat ze verhënneren, war e Comité stratégique an Aarbechtsgruppe op d’Bee gesat an eng Rei Piste gezeechent ginn.

Dat geet vu manner Gaspillage iwwer manner laang Sejouren an de Spideeler bis zu méi Kontroll vun Dokteren, déi opfälleg vill Krankeschäiner géinge ginn. D’Aarbechte gi lo weider. Falls am Hierscht festgestallt gëtt, datt d’Mesuren net duerginn, huet d’Martine Deprez Cotisatiounserhéijungen oder méi staatlech Bedeelegung net ausgeschloss.

D’Vertrieder vu Gewerkschaften a Patronat, déi an der Gesondheetskeess vertruede sinn, waren zefridden, well et e Gesamtpak wier an et keng Verschlechterunge fir d’Assuréë géing ginn a keng Cotisatiounserhéijungen.

D’Dokteschassociatioun AMMD ass op der Quadripartite dobäi bliwwen, datt esoulaang d’Walversprieche vun der CSV net Realitéit sinn, si déi nei verhandelt Konventioun mat der CNS net wäerten ënnerschreiwen. Ënnert de Fuerderunge si méi Medezin ausserhalb vun de Spideeler, mee och Ännerungen um Code vun der Sécurité sociale, fir den Doktere méi Tarifautonomie ze ginn. D’Ministesch huet verséchert, hir Mesuren aus dem Koalitiounsaccord géingen ëmgesat ginn. De President vun der AMMD Chris Roller sot, Annoncë géingen net duergoen, et bräicht ee konkret Aktiounen.

Back to Top
CIM LOGO