Invité vun der Redaktioun (6. Mee) – Tom Haas"Mir wëssen haut net, wat muer geschitt", sou de Statec-Direkter

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war ënnert anerem den Index Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Tom Haas
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir hunn de Seuil nach net ganz erreecht, mä mer si ganz no drun, eng nächst Indextranche dierft am Laf vum Mount Mee erfalen an am Juni dann applizéiert ginn – dat sot den Tom Haas e Mëetwoch als Invité vun der Redaktioun.

Den Direkter vum Statec sot sech retizent, virauszesoen, ob – a wa jo wéini – am Laf vun engem Joer nach eng Indextranche kéint erfalen. D'Situatioun géif sech all Dag oder souguer e puer Mol am Dag änneren. Et géif een haut net wëssen, wat muer geschitt.

Aktuell wieren déi international Finanzmarchéen nach zimmlech gefaasst. Wann awer an de nächste Woche keen Auswee fonnt gëtt, virun allem wat de Blockage vun der Strooss vun Hormus ugeet, da riskéiert dat z'änneren, warnt den Tom Haas.

No de Pëtrolsproduite kéinten och d'Präisser vun de Liewensmëttel, vum Gas oder aneren industrielle Produiten nozéien, wann et Problemer bei de Liwwerkette ginn. Et wéisst een einfach net, wat kënnt.

Dowéinst huet de Statec verschidde Zenarien ausgeschafft, déi eng breet Forschette duerstellen. D'Inflatioun kéint bei 2,5% leien oder bei 4% zum Beispill.

Den Ament wär een nach ganz wäit fort vun 2022. Als Erënnerung: dat Joer louch d'Inflatioun wéinst den héijen Energiepräisser mat Momenter bei iwwer 7%. Dat kann een och dës Kéier net ausschléissen, wann d'Kris unhält.

De virsiichtegen Optimismus vum Ufank vum Joer fir de Wirtschaftswuesstem, dee wier leider verschwonnen, seet den Tom Haas. Dat féiert derzou, datt warscheinlech och den Aarbechtsmarché sech manner gutt entwéckele wäert, wéi erhofft, an de Chômage iwwer 6% bleift. Eng "Stagflatioun", also datt d'Wirtschaft net wiisst, dofir awer d'Präisser, ass méiglech.

Haut ass den éischte Rendez-vous en Vue vun der Tripartite, d'Regierung gesäit getrennt Gewerkschaften a Patronat. A genee enger Woch ass dann déi éischt Reunioun zu dräi, éier dann am Juni déi eigentlech Tripartite ufänkt.

De Statec ass e wichtegen an zentralen Deel vun der Tripartite, wann och kee Verhandlungspartner. Mir liwweren Zuelen, en Diagnostik an Analysen op eng neutral Aart a Weis, sou wéi och soss eigentlech eis Aufgab ass, erkläert den Tom Haas.

Wat gesäit ee schonn a wat kéint nach kommen, dat géif een duerleeën. Et wär wichteg, sech déi verschidden Zenarien unzekucken an z'iwwerleeën, wat maache mer, wann ee bestëmmten antrëtt, sou de Statec-Direkter.

Invité vun der Redaktioun: Tom Haas

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO