
De "Project Freedom" géif "fir eng kuerz Zäit pauséiert ginn, fir ze kucken, ob d'Ofkommes finaliséiert an ënnerschriwwe ka ginn oder net", huet den Trump mat Bléck op ee méiglecht Friddensofkommes mam Iran en Dënschdeg (Lokalzäit) a sengem Onlinedéngscht Truth Social matgedeelt. D'US-Arméi huet den Asaz eréischt e Méindeg ugefaangen.
Hien hätt den Asaz op Bieden vum Vermëttler Pakistan an anere Länner ausgesat, huet den Trump erkläert. Et wiere "grouss Fortschrëtter um Wee fir bei ee komplett a definitiivt Ofkommes" mat Teheran gemaach ginn. D'US-Blockad vun iraneschen Häfe géif a Kraaft bleiwen, esou awer den US-President.
Virdrun hat den US-Ausseminister Marco Rubio viru Journalisten am Wäissen Haus gesot, den US-Asaz an der Strooss vun Hormus wier net Deel vun dem urspréngleche Krich géint den Iran. "Dat ass keen offensiven Asaz, dat ass een defensiven Asaz", sot hien. "Et gëtt net geschoss, ausser wa fir d'éischt op eis geschoss gëtt."
Zil vum Asaz war et dem Trump no, wéinst der iranescher Blockad festsëtzend Schëffer aus der Mieresstrooss vun Hormus eraus ze leeden. D'US-Arméi hat um éischten Dag vum Asaz erkläert, datt op d'mannst sechs iranesch Booter ugegraff an eng sëllegen Dronen- a Rakéitenugrëff ofgewiert gi wieren, wat den Iran awer dementéiert huet. Iranesch Medien hate virdru Rakéitenugrëff op een US-Militärschëff, genee ewéi Warnschëss an der Géigend vun US-Krichsschëffer gemellt – wat dunn dogéint vu Washington dementéiert gouf.
D'Strooss vun Hormus, déi fir den internationale Pëtrols- a Gashandel immens wichteg ass, ass um Ufank vum Iran-Krich Enn Februar vun der iranescher Arméi gréisstendeels gespaart ginn. An der Suitte sinn d'Energiepräisser weltwäit an d'Héicht gesprongen. Aktuell gëllt an der Regioun eng Wafferou, déi awer duerch de Konflikt ëm d'Mieresenkt vun Hormus ëmmer nees a Gefor kënnt.