
Am Kader vun de Verhandlungen iwwert nei Kollektiv-Verträg wëll den LCGB op de Wee goen, dass de Salarié de Choix kritt, dass een entweder méi verdéngt, oder ebe manner ka schaffen. Am Sënn vu méi Flexibilitéit fuerdert een zum Beispill d’Méiglechkeet fir datt e Salarié vun engem zäitweisen temps partiel ka profitéieren, fir sech ëm Kanner ze bekëmmeren oder an engem Fleegefall. Dësen temps partiel soll och nees zu all Ament réckgängeg gemaach ginn, an och just a Betriber gëllen, vu méi wéi 50 Mataarbechter.
Den LCGB setzt sech och an, dass am Code du Travail ageschriwwen gëtt, dass all Salarié e Recht op en Zäit-Spuer-Kont soll kréien.
Um Donneschdeg hat d’Gewerkschaft och schonn eng Entrevue mam Aarbechtsminister Dan Kersch, wou iwwert dës Fuerderunge geschwat gouf.