
Australien huet et virgemaach. Frankräich wëll dëst Joer nozéien an och d’EU-Parlament ass derfir, fir den Accès zu Social-Media-Plattforme bis zu engem gewëssenen Alter ze verbidden an esou d’Kanner an déi Jonk virun de Geforen am Internet a besonnesch op de soziale Reseauen ze schützen. Vu Cybermobbing, Ofhängegkeet iwwer Pornographie bis hin zu fake Contenuen, déi een elo mam Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz ëmmer méi schwéier erkenne kann.
Mä ass eng contraignant Altersverifikatioun de richtege Wee? Dat wëlle mer e Freideg de Moie mat Iech an eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert” um 8 Auer um Radio diskutéieren. Wéi eng Responsabilitéit hunn Instagram, Snapchat a co selwer? Wéi soll Lëtzebuerg sech positionéieren? A wéi kënnen déi Jonk haut scho virun den negative Konsequenze vun doutéisen Internetinhalter geschützt ginn? Sot eis Är Meenung a stellt Är Froen un d’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue an de Jeff Kaufmann vu Bee Secure, déi live bei eis am Studio sinn.
Dir kënnt eis uruffen op den 13 30 oder elo scho schreiwe via de Formulaire hei drënner: