De Grand-Duc huet d’Verännerungen an der Welt ugeschwat, déi géinge veronsécheren. D’Inflatioun géing besonnesch déi ekonomesch Schwaach penaliséiert. “Dofir musse mir Solidaritéit weisen, a sécher stellen, dass keen duerch d’Raster vun eiser Gesellschaft fält”, sou de Grand-Duc.
Zu weidere Veronsécherungen droen d’Kricher an der Ukrain an am Noen Oste bäi. Awer och d’Verschlechterung am Klimawandel, an de Chiffer vun de Refugiéeën, deen ëmmer méi grouss gëtt. De Grand-Duc appelléiert dofir un d’Gesellschaft, zesummen ze halen a Courage ze weisen. An esou ze verhënneren, dass d’Wäerter vu Respekt an Toleranz mat Féiss getrëppelt ginn. Dem Privileeg an enger oppener Demokratie kënnen ze liewen, misst ee sech haut, méi wei jee, bewosst sinn.
Och d’Multikulturalitéit vum Land ass Sujet an der Ried. “Een Deel vun eisem Ierfgutt ass jo eis Oppenheet vis-à-vis vun eiser Welt, eise Refus Maueren ëm Lëtzebuerg opzebauen”, huet de Grand-Duc ënnerstrach an och de Frontaliere Merci gesot fir hire Bäitrag.
Dëst Joer war de Grand-Duc Henri och op der Klimakonferenz COP28 zu Dubai mat dobäi. Hei hätt hien kënne feststellen, dass een nëmmen zesumme weiderkënnt. Technologie kéinten eis viru bréngen, mee all eenzele misst säi Beitrag leeschten. Dat, fir dass déi nächst Generatiounen am Fridden an an Dignitéit op dem Planéit kënne liewen.