
Fir e jonke Mann, dee wéinst dem Iwwerfall, am September 2018, op d'Haus vum Charel Goerens a vu senger Fra am Juli an 1. Instanz um Dikrecher Geriicht nach 10 Joer Prisong kritt hat, huet sech de Wee op d'Cour d'appel an der Stad gelount.
Do gouf hien e Mëttwoch am Nomëtten nämlech "just nach" zu 7 Joer Prisong verurteelt. Hien an e Kompliz haten deemools nuets d'hënnescht Terrassendier beim Europadeputéierten a senger Fra opgebrach, an der Suite mat enger Kreditkaart 1.000 € opgehuewen an ënnert anerem nach en Auto geklaut.