Ma et ginn och déi, déi op deenen Deeg schaffen a sech drëm beméien, hire Matmënschen d’Feierdeeg esou agreabel wéi méiglech ze maachen. Mir hunn eng Infirmière den Dënschdeg de Moien op hirer Schicht am Altersheim begleet.
Fir d’Camille Blot ass schaffen um Feierdag näischt Extraes. Si mécht hir Aarbecht gären, och wa se mat vill Verantwortung verbonnen ass. Zanter 8 Joer ass si schonn Infirmière, dovunner 5 Joer am Pescatore. Fir d’Bewunner bleift et e Festdag, si freeë sech beschtefalls op d’Famill an op e gemeinsaamt Mëttegiessen.
Ma net jiddereen huet déi Chance- verschidde Residentë sinn eleng, do mussen d’Camille Blot an hir Kolleegen dann esou gutt wéi méiglech d’Famill ersetzen. “On est un peu leur famille, il s’attachent à nous et nous on s’attache aussi à eux. L’essentiel c’est vraiment que les pensionnaires sont bien”. Fir den Job wier et dofir wichteg, Gedold ze hunn, fir déi eeler Leit do ze sinn an hinnen nozelauschteren. Natierlech gëtt et fir d’Infirmière awer och méi schwéier Deeg, wann zum Beispill Bewunner stierwen. Dat géing engem da schonn nogoen, erzielt d’Camille Blot, mee fir hir Famill géif si probéieren, um Wee fir Heem op aner Gedanken ze kommen.
Nieft dem Kontakt mat de Leit verbréngt d’Infirmière awer och vill Zäit um Schreifdësch: All Medikament, all Soin muss direkt duerno an eng Fiche agedroe ginn. D’Fleegepersonal ass d’Aen an d’Ouer vun den Dokteren am Haus. Si mussen d’Situatioun richteg aschätzen, wa sech de Gesondheetszoustand vun engem Patient verschlechtert. Dowéinst géing ee sech mat den Ekippe beroden, eng wichteg Decisioun géing een net eleng treffen. Och um Feierdag ass een am Kontakt mat den Doktere vun der Garde, wann et mol en Noutfall gëtt. An och d’Botzpersonal wier do wichteg, schliisslech geséichen d’Ekippen d’Leit och all Dag. Dofir géingen och si Bescheed soen, wann hinnen eppes opfält.
An hiremService këmmert sech déi jonk Fra zesumme mat hirer Ekipp ëm eng 60 Patienten. Och wann ee wéi an alle Secteuren de Personalmanktem géing spieren, géif ee kucken dass d’Aarbecht gemaach gëtt.
Wann d’Camille Blot sech awer eppes wënsche géif, da wier dat, manner Zäit mat de Paperassen an dofir méi Zäit mat de Leit verbréngen ze kënnen.