
Dat geet aus enger Etüd vun de Membere vun Espace Pub an der Firma Nielsen ervir, wou 41 Publikatiounen, respektiv Titelen ënnersicht goufen, dorënner och 7 Internetsitten a 4 Firmen, déi Affichagë maachen.
Dat déckst Stéck vum Publicitéits-Kuch krut dobäi d'Dagespress an hire 5 Publikatioune mat enger Part vun 39% virun dem Radio mat 17% an den Affichagë mat 12%.
Wann een d'ekonomesch Domainer ënnersicht, déi Puben oder awer och offiziell Avisen a kleng Annoncë schalten, sou waren dat fir de Grupp vun der Kultur, dem Sport an der Fräizäit eng Depense vun 28 Milliounen - d'Liewensmëttel-Branche huet iwwerdeem zum Beispill nëmmen 2 Milliounen a Puben investéiert.
An der Top 5 vun den Investisseuren ass d'Luxair zejoert nei bäikomm. Déi aner Firme mam gréissten Investissement sinn de Cactus, d'Post, Tango an de Groupe Losch. Déi eenzeg Bank am Pub-Top-20 ass iwwerdeem d'Spuerkeess.