
Déi Grënn wäre ganz verschidden a sou verschidde missten och d’Léisunge sinn, fir de Leit ze hëllefen, schreift de Familljeminister Max Hahn op Facebook, dee mat op der Stater Gare ziele war. D’Zil wär et d’Leit, sief et duerch eng Wunneng, eng Aarbechtsplaz, eng Therapie, ze stabiliséieren a si ze begleeden, fir nees autonom um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen, sou de Minister.
Am Obdachloseberäich finanzéiert de Familljeministère eng Rei Servicer a Strukture wéi Nuetsfoyeren oder Housing First-Projeten. Dës Servicer solle konsequent ausgebaut ginn.
Uganks d’nächst Joer geet och déi alleréischt Struktur op fir eeler Leit, déi eng Kéier op der Strooss gelieft hunn, sou den DP-Minister op Facebook.