
Dat wann et de Regierungsparteien nogeet, déi dëst an de Koalitiounsaccord geschriwwen hunn. Enn vum leschte Joer hat den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf RTL géintiwwer erkläert, d’Regierung hätt sech awer bis dato nach net bei der Gemeng gemellt, fir esou eng Fixerstuff ze beschwätzen. Dofir hunn d’CSV-+Deputéiert Marco Schank a Martine Hansen eng parlamentaresch Fro un den zoustännege Minister Etienne Schneider adresséiert, fir weider Informatiounen ze kréien.
Wéi gesäit et zum Beispill landeswäit mam Besoin vu Fixerstuffen an Nuetsfoyeren aus, dat froe sech d’Oppositiounspolitiker. De Gesondheetsminister Etienne Schneider erkläert do, datt unhand vun enger ganzer Partie Donnéeën d’Besoinen erausgeschielt goufen. Et hätt een zu, Beispill gekuckt, wéi vill Mol déi baskesch Hëllef kontaktéiert gouf, wéi vill Sprëtzen erausgoungen, wéi vill Cliente vun de Servicer an der Stad profitéiert hunn, déi awer an anere Partië vum Land wunnen. Aus deenen Indikatioune wier ervirgaangen, datt een d’Offer am Süden an am Norde vum Land kéint ausbauen. Zu Esch soll jo am éischte Semester vun dësem Joer ee Sall installéiert ginn, bis virum Summer, wou d’Drogenofhängeger sech ënnert Opsiicht kënnen drogéieren. Am Norden géif Ettelbréck fir een Drogen- a Consommatiounsraum a Fro kommen, well do schonn aner Zerwisser vun der Prise en Charge bestinn. Zum Beispill d’Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef. Wat weider Strukturen an anere Gemengen am Norden ugéif goen, wier ee mat enger Analys am Gaangen.
Den 22. Januar hätt d’Regierung mat der Gemeng Ettelbréck déi éischt Reunioun, fir en Austausch gehat. Wéi déi verlaf ass, steet net an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro. Ma fir den Ettelbrécker Buergermeeschter a säi Gemengerot kënnt eng Fixerstuff weiderhin net a Fro, wéi et op eis Nofro hi geheescht huet. Dat well d’Gare zu Ettelbréck zentral läit. Et fäert een, datt Drogekonsumenten awer nach ee ganzt Ëmfeld géife mat sech bréngen, an esou eng Problematik an de Stadkär kéim, déi et bis elo nach net gouf. D’Gare zu Ettelbréck géif och ganz vill Voyageuren zielen, dorënner eng ganz Partie Schoulkanner.
Op engem anere Punkt gesäit de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf awer guer Problem: dat ass mat den Nuetsfoyeren, fir Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Hei géif net vun traditionellen Nuetsfoyere rieds goen, schreift den Etienne Schneider an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro. Dat, wat an Zukunft an der Nordregioun soll installéiert ginn, wier eng Zort “Halte de nuit”. Also eng Plaz, wou sech Leit kënnen nuets ophalen, ouni awer do ze schlofen. Better sinn an deene Strukturen nämlech net virgesinn. Zwou där Strukture ginn et schonn an der Stad, eng an der Géigend vun der Gare , déi aner an der Uewerstad. Donieft wier een am Gaangen ze kucken, een aneren Zerwiss un dës Ulafplaz ze knäppen, an zwar d’Offer “Para-Chute”. Wou d’Leit ouni Daach iwwert dem Kapp solle sozial encadréiert ginn. Dës Offer kënnt an d’Gebai vun der neier Gare zu Ettelbréck integréiert ginn, ass et d’Iddi. Eng Iddi, géint déi den Ettelbrécker Buergermeeschter sech net verschléisst. Ma och hei misst gekuckt ginn, ob e Besoin besteet.