
Dee Rappell mécht e Mëttwoch d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d’CSSF. Gemengt si mat Revenuen: Loyeren, Plus-valuen oder gewëss Geschäfter mat de Parten. Wéinst ëffentlechem Drock hat d’Regierung decidéiert am Budgetsgesetz fir 2021 d’Revenue vun Immobiliëgeschäfter vu Fongen ëm 20% ze besteieren. Virun där Reform hunn d’Fonge just d’Taxe d’abonnement vun 0,01% vum Kapital musse bezuelen.
D’"FISe” si sougenannte “Fonds d’investissement spécialisés”.