Eng Woch Chrëschtmäert an der StadForaine weise sech ganz zefridden

Diana Hoffmann
7 Deeg Chrëscht- a Wantermäert leien hannert de Forainen aus der Stad. Zäit fir een éischte klengen Tëschebilan.
© Lucien Koneczny

Ob Chrëschtmaart, Wantermaart oder Wanterpark. Bei där Offer ass fir jiddereen eppes dobäi. Um Samschdegmëtte war an der Stad bei der Gëlle Fra um Wantermaart op alle Fall trotz Minusgrade scho vill lass. Dat freet d’Forainen, déi en éischte positive Bilan zéien.

1. Bilan Wantermäert / Reportage Diana Hoffmann

“Mir leien op jiddefalls bis elo grad esou gutt wéi d’lescht Joer, an d’lescht Joer war schonn top”, seet de Charel Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen. 2019 an 2022 wiere gutt Jore gewiescht, un déi ee géing probéieren unzeknäppen.

E Samschdeg huet d’Wieder schonn emol matgespillt. Déi knapp 100 Forainen hoffen, dass dat och weiderhin de Fall ass. Mee egal wéi géing ee mierken, dass d’Leit eraus wëllen, seet de Steve, deen eng Iessbud um Wantermaart huet. “Déi éischt Woch war fir eis super. D"Stëmmung war mega, obschonn et am Ufank nach e bëssi gereent huet. Ech mengen, d’Leit wollten nëmmen eraus no 3 Wochen doheem am Ree sëtzen. Mir si mega zefridden”, resuméiert de Forain.

Seng Kolleege sinn do mat him op enger Linn. “Lo schéngt d’Sonn, d’Leit sinn do. Ech menge mir sollen eis net beschwéieren”, mengt de Vincent, dee Séisses verkeeft. An och de Kevin, deen e Karussell huet stellt fest: “Déi éischt Woch war net schlecht. Wann d’Wieder, a besonnesch de Reen eis mat rou léisst, ass et ganz gutt”.

Vun nächste Samschdeg u gëtt et dann nach eng nei kleng Attraktioun um Knuedler am Kader vun de Winterlights. De Winterkids-Maart wäert opgoen. Vu mëttwochs bis sonndes ass dann do fir Animatioun fir déi Kleng gesuergt.

Andréck aus der Stad

Andréck vu weidere Chrëscht- a Wantermäert uechter d’Land

Back to Top
CIM LOGO