An dësem Fuerschungszenter ginn och Formatioune fir Chirurgen organiséiert. All Joers huele méi wéi 6.000 Studenten, grad ewéi erfuere Medeziner, un de Coursen am franséischen Institut deel.
Experten aus der ganzer Welt vermëttelen den Dokteren an Infirmièren hei live sur place oder iwwer Video-Konferenz déi neisten Techniken, beispillsweis an der Roboter-Chirurgie.
D’Participanten, déi aus 120 verschiddene Länner kommen, kréien och praktesch Formatiounen. Deemno ginn u Kadaveren, Labo-Déieren an och um Simulator Operatiounen duerchgefouert, déi der Realitéit am Operatiounssall ganz no kommen.
Hei gëtt dann och net mat alen Instrumenter, mee nëmme mat modernen Technologië geschafft.