
E Samschdeg gouf géint 18 Auer an der Route d’Ettelbruck zu Angelduerf ee Foussgänger um Zebrasträifen op der Héicht vun engem Fast-Food-Restaurant ugestouss. De Foussgänger, deen een Elektroscooter bei sech hat, gouf dobäi schwéier blesséiert.
De Chauffer vum Auto, deen de Foussgänger ugestouss huet, soll uginn hunn, den Auto vun der Fuerbunn réckelen ze wëllen. Ma anescht wéi gesot koum hien net direkt zeréck, mee huet de Virwand genotzt, sech duerch d’Bascht ze maachen. Wéi d’Police matdeelt, war et ee rouden Auto mam däitsche Kennzeechen “BIT”. De Chauffer soll ëm déi 40 Joer al sinn.
Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder Hiweiser zum Auto oder dem Chauffer hunn, si gebieden, sech um Policebüro Dikrech/Veianen ënnert der Nummer 244801000 ze mellen. Hiweiser kënnen och iwwert den 113 eragemellt ginn.