CGDISFoussgänger zu Déifferdeng an zu Péiteng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mëllt eng ganz Partie Blesséierter tëscht Samschdeg den Owend a Sonndegmoien.
© Andy Brücker / RTL

Zu Hollerech koume géint 20.15 Auer an der Rue du Bouillon zwee Autoen net laanschteneen an zwou Persoune goufe blesséiert.

Zu Déifferdeng ass géint 19 Auer an der Rue de Soleuvre eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. De Samu an eng Ambulanz waren op der Plaz. Zu Péiteng ass an der Route de Longwy géint 6.20 Auer um Sonndeg de Moien ee weidere Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn.

Um CR320 tëscht Houschent a Mierschent ass géint 17 Auer ee Motocyclist gefall. Hien huet an enger Kéier d’Kontroll iwwert seng Maschinn verluer a koum vun der Strooss of, ier hien an ee Verkéiersschëld an dunn an ee Bam geknuppt ass. De Chauffer gouf blesséiert an ënnert anerem d’Air Rescue war op der Plaz. Am Spidol misst hien noutoperéiert ginn, der Police no wier säin Zoustand awer stabil.

Zu Märel koume géint 22:40 Auer ee Motocyclist an een Auto net laanschteneen. Hei gouf de Motoschauffer allerdéngs net blesséiert. Och bei engem Accident tëscht zwee Autoen op der A13 a Richtung Schengen goufen et keng Blesséierter.

Vun der A6 a Richtung Stad krut d’Police an der Nuecht op e Sonndeg iwwerdeems nach een Chauffer gemellt, deen opfälleg gefuer ass. Op der A3 konnt eng Patrull den Auto a Richtung Frankräich lokaliséieren a stoppen. Een Alkoholtest huet beim Mann ugeschloen an hie gouf mat op de Policebüro geholl. Bei der weiderer Kontroll hunn d’Beamte festgestallt, datt de Won net verséchert war an de Chauffer zudeem ee Fuerverbuet fir e puer Joer hat. De Parquet gouf informéiert. De Chauffer gouf festgeholl an de Won saiséiert. Hie gëtt e Sonndeg de Mëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Schonn e Samschdeg den Owend war géint 21 Auer zu Diänjen een alkoholiséierten Chauffer ouni Versécherung an ouni gülteg Pabeieren ënnerwee an huet en Accident verursaacht. Blesséiert gouf keen, et gouf awer Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO