Police a CGDISFoussgänger zu Péiteng an zu Déifferdeng ugestouss, schroen Accident op der A4

RTL Lëtzebuerg
E Samschden den Owend goufen direkt op zou Plaze Foussgänger ugestouss. Op der A4 koum et e Sonndeg iwwerdeems zu engem schroen Accident.

Den éischten Accident gouf et e Samschdeg ëm kuerz viru 17 Auer zu Péiteng. Ee Passant gouf hei un engem Won erfaasst a gouf blesséiert. Eng Ambulanz vu Käerjeng a Péiteng war op der Plaz. Géint 17.50 Auer huet et dunn nach emol zu Déifferdeng geknuppt. Och hei gouf eng Persoun vun engem Auto erfaasst a blesséiert. Eng Ambulanz vu Suessem an Déifferdeng war am Asaz.

E Sonndeg de Moie gouf et géint 6.50 Auer op der A4 Hollerech-Raemerich zu Märel ee schwéieren Accident, wéi d’Police matdeelt. Een Auto hat eng Pann a stoung op der Fuerbunn, wéi een zweeten Auto stoe bliwwen ass, fir ze hëllefen. Deen Ament koum een drëtten Auto gefuer an ass dem zweeten Auto mat voller Wucht hannendrop gefuer. De Chauffer vum Auto, deen hannendrop gefuer ass, hat ze déif an d’Glas gekuckt a gouf schwéier blesséiert.

An der Fiels ass an der Nuecht op e Sonndeg iwwerdeems ee Chauffer “komplett voll” a säin auto geklommen, fir Heem ze fueren. D’Police huet de Mann zu Ierpeldeng-Sauer opgegraff an him de Fürerschäin ofgeholl. De Recht vum Wee heem gouf hien du vun de Beamte begleet.

Back to Top
CIM LOGO