
Um kuerz no 14 Auer e Méindeg de Mëtteg koum et zu Bouneweg an der Hesper Strooss zu engem Accident.
Eng Fra wollt hei op der Héicht vun der Kräizung mat der Diddenuewener Strooss iwwert d'Strooss goen. Souwuel Si, wéi och en Auto, deen an hir Richtung ofgebéit ass, hate gewaart bis et bei der Luucht gréng ginn ass. Ma den Auto huet d'Fra, déi iwwert d'Strooss gaangen ass ze spéit gesinn a krut dës um Zebrasträif ze paken.
D'Fra, déi dobäi op de Buedem gefall ass, gouf blesséiert a gouf nach op der Plaz behandelt, iert se dunn an d'Spidol gefouert gouf.