Police melltFoussgängerin, déi zu Hoen ugestouss gouf, ass verstuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 22 Auer war eng 59 Joer al Awunnerin vun Hoen an der Rue Principale vun engem Auto ugestouss ginn a gouf liewensgeféierlech verwonnt.

Wéi d’Police um Samschdeg de Moie matdeelt, ass d’Fra e Freideg un de Suitte vun de Blessuren am Spidol gestuerwen.

Den Auto vum schëllege Chauffer gouf op Uerder vum Parquet sécher gestallt.

Den Accident war en Donneschdeg den Owend kuerz no 22 Auer geschitt - de Chauffer hat nach versicht d’Kollisioun z’evitéieren, wat him awer net gelongen ass. Hien ass duerno an d’Fassad vun engem Haus gerannt. Hie stoung ënner Schock.

Accident op der N10

3 Persoune goufen e Freideg am spéiden Nomëtte bei engem Accident op der Hëttermillen blesséiert. 2 Autoe ware frontal anenee geknuppt. Wéi d’Police um Samschdeg de Moie schreift, wier de Chauffer, deen den Accident verursaacht huet, op d’Géigespuer gefuer, riicht op deen anere Won zou, an deem 2 Persoune souzen. Eng Kollisioun war net méi ze verhënneren.

Déi 3 Persoune goufen an hire Gefierer ageklemmt an hu vun de Rettungsdéngschter misse befreit ginn, iert se an d’Spidol koumen. Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt de Chauffer, deen den Accident verursaacht huet, ënner staarkem Alkoholafloss stoung. De Führerschäi war fort.

Back to Top
CIM LOGO