
D'Fra gouf op eemol vun hannen opgefuerdert, stoen ze bleiwen. Si huet awer net gefollegt a wollt weidergoen, wéi si op eemol widder d'Schëller gestouss gouf an doropshin op de Buedem gefall ass.
Direkt drop huet ee vun den Täter se mam Fouss an de Bauch gerannt.
Dunn hu sech déi zwee Ugräifer duerch d'Bascht gemaach an sinn a Richtung Rue Henri Koch / Boulevard Charles de Gaulle gelaf.
D'Affer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
No den Täter gouf nach gesicht, ma ouni Succès.
Eng Enquête gouf opgemaach, d'Police huet en Zeienopruff lancéiert.
Déi zwee presuméiert Täter hunn, esou d'Police, südlännesch ausgesinn, waren zirka 180 cm grouss an haten däischter, blo Jeansboxen un.
Deen een hat ausserdeem en donkelbrongen Hoodie, also e Pullover mat Kaputz, a gro Schong un.
Deen aneren hat en Hoodie vun Nike un a Schong vun der Mark Vans. Dee Mann hat och e Piercing an den Aperhoer.
All Hiweis ass fir d'Escher Police um Tel. 4997-5500.