Bamerdall zu DikrechFra begéint Abriecher "in flagranti" bei sech doheem

David Winter
Eng Awunnerin vun Dikrech huet e Mëttwoch en Abriecher virun hirer eegener Hausdier erwëscht.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

Wéi eng Fra e Mëttwoch géint hallwer 5 Mëttes bei sech doheem ukomm ass, ass hier bei der Entréesdier en onbekannte Mann entgéintgelaf komm, dee kuerz drop virun der Awunnerin fortgelaf ass. Séier huet d’Awunnerin misse feststellen, dass d’Hausdier opgebrach gouf an am Haus eng Partie Zëmmere vum Abriecher duerchwullt goufen.

Beim Abriecher handelt et sech ëm e südlännesche Mann vun tëscht 40 a 50 Joer, war 1.80 Meter grouss a vu korpulenter Statur. Dobäi kënnt, dass de Mann kuerz Hoer an e kuerze Baart huet an ouni Akzent franséisch geschwat huet. Vu Kleeder hat hien eng donkelblo Box an eng donkel dënn Jackett un.

Alleguerten d’Informatiounen si fir d’Police vun Dikrech, dat um 4997-8500.

Back to Top
CIM LOGO