20 Méint Prisong am Appell gefrotFra, déi Affer Suen ofgeknäppt hat, riskéiert méi streng Strof

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Juni a September 2013 soll d'Fra engem eelere Mann eppes méi wéi 95.000 € ofgeknäppt hunn.
© RTL Archiv

Eng jonk Fra, déi am Mäerz um Stater Geriicht an enger Affär vun Abus de faiblesse zu 15 Méint Prisong mat Sursis probatoire veruerteelt gi war, kéint am Appell manner gutt ewechkommen. En Dënschdeg huet d'Vertriederin vum Parquet général nämlech 20 Méint Prisong mam Sursis probatoire fir si gefrot, woubäi d'Haaptoplo an der Indemnisatioun vum Schued bestéing.

Tëscht Juni a September 2013 soll d'Fra engem eelere Mann eppes méi wéi 95.000 € ofgeknäppt hunn. An 1. Instanz war festgehale ginn, dass si der Duechter an Tutrice vum Mann dee Schued zréckbezuele misst. D'Fra hat dem Affer erkläert, si bräicht Suen, ënnert anerem fir Scholden ze bezuelen a fir hiren Auto gefléckt ze kréien.

Abus de faiblesse - De Reportage vum Eric Ewald

Wéinst dem Zitat, „net ganz asiichtege Behuele vun der Fra“ sollt d'Prisongsstrof an zweeter Instanz eropgesat ginn, huet d'Vertriederin vum Parquet général en Dënschdeg gemengt. De Mann, deem säin Zoustand a kuerzer Zäit staark nogelooss hätt, wär awer liicht z'influenzéiere gewiescht an déi jonk Fra hätt op d'Tréinendrüs gedréckt. Doropshin hätt de Mann an Zäit vun e puer Méint bal 100.000 € ausginn.

Et wär net ze gleewen, dass d'Fra näischt vun der Vulnerabilitéit vum Mann wousst. Déi 1. Riichter hätten och d'Iwwerschreide vum Délai raisonnable an hirem Uerteel zréckbehalen, sou d'Vertriederin vum Parquet général.

Ënnert anerem dorop hat den Affekot vun der Ugeklote plädéiert. Fir de Me Christian Bock hätt seng Cliente dem Mann och vun hire finanzielle Problemer geschwat an deen hir fräiwëlleg Sue ginn. Donieft wär d'psychologesch Expertise vum Mann kontestéiert, well et keng Beweiser dofir géif ginn, dass deen zum Zäitpunkt vun de Faite schonn dement war. Seng Mandantin, déi en Dënschdeg net ausgesot huet, wär sech der Vulnerabilitéit vum Mann net bewosst gewiescht a sollt dofir fräigesprach ginn.

Den Affekot vun der Duechter an Tutrice vum Mann huet seng Partie civile en Dënschdeg widderholl: Selwer hätt een awer net Appell gemaach, obwuel een an 1. Instanz net op alle Punkte Satisfaktioun kritt hätt, sot de Me Wiltzius, dee sech erstaunt gewisen huet iwwert den Appell vun der jonker Fra, déi an 1. Instanz awer vum integrale Sursis profitéiert hätt. Hien hätt och kuerz nom 1. Uerteel eng Email vun hir kritt am Stil: Kommt, mir arrangéieren eis! Bis elo hätt si awer nach näischt zréckbezuelt, d'Riichter sollten doraus hir Konsequenzen zéien.

D'Appellsuerteel gëtt den 12. Februar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO