PoliceFra gouf mat Messer blesséiert - Täter konnt verhaft ginn

RTL Lëtzebuerg
Enger Policepatrull war an der Nuecht op en Donneschdeg eng Fra opgefall, déi engem Mann nogelaf ass, dee si mat engem Messer blesséiert hat.
© RTL-Archiv

D'Fra koum aus der Avenue de la Gare gelaf a Richtung rue de Bonnevoie. D'Fra huet der Policepatrull matgedeelt, dass si grad vun engem Mann mat engem Messer ugegraff gi war.
D'Police konnt de Mann immobiliséieren a mat op de Büro huelen. Op Uerder vum Parquet gouf den Ugräifer festgeholl an op Schraasseg bruecht.

Ob sech de Mann an d'Fra kennen, mussen d'Ermëttlungen erginn.

D'Fra koum mat Schnëttverletzungen am Gesiicht an d'Spidol, konnt dëst awer net enger kuerzer Behandlung nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO