
Den Tribunal administratif huet hire Recours en annulation nämlech als justifizéiert ugesinn an eng Decisioun vum Buergermeeschter vun Oktober 2017 annuléiert. Den Dossier muss bei de Léon Gloden zréckgoen an d'Gemeng fir d'Fraisen opkommen.
Am September 2017 hat d'Fra gefrot, fir en Eefamilljenhaus ëmbauen ze kënnen. De Buergermeeschter hat am Oktober vun deem Joer awer keng Geneemegung dofir ginn.
An dat, well der Fra hire Projet net konform wär zum PAG vun der Gemeng, déi sech um geplangte Bau vun enger Garage gestéiert huet. Därer sollte keng nei am historesche Kär vun der Gemeng entstoen, respektiv sollten der nëmmen zougelooss ginn a Scheieren oder an Häff, déi bestinn, do wou et Fassadenouverturen oder déi néideg Zougäng gëtt a wann zum Beispill d'Breet vun der Strooss et zouléisst. D'Fra war am Januar zejoert op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir déi Decisioun annuléiert ze kréien.
Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass keng Bestëmmung, op déi sech d'Gemeng Gréiwemaacher baséiert, ausdrécklech de Bau vun enger Garage verbitt. Wann de Buergermeeschter mat enger Baugeneemegung befaasst ass, kann hien de Projet just par rapport zu den Urbanismusreegele kontrolléieren, sou den Tribunal administratif.
De Gemengepapp misst eng Autorisatioun ginn, wann de Projet konform dozou ass a kéint se net refuséieren op Grond vu sengem Pouvoir général de police. Aner Haiser am Quartier hätten och eng Garage a wann d'Riichter och verstinn, dass den historesche Quartier sollt erhale bleiwen, da géif eng Referenz op d'Stroossebild net duergoen, fir de Bau vun enger Garage ze refuséieren. Och wann de Bau vu Garagen am historeschen Zentrum mat sengen enke Stroossen net wënschenswäert wär, kéinte Bestëmmunge vum PAG kee Fëllement duerstellen, dat duergeet, fir sou e Bau ze refuséieren.
Well d'Gemeng net argumentéiere kéint, dass de Bau vun enger Garage dem Aspekt vum Quartier schuede géif, wär de Recours fondéiert an d'Decisioun vum Buergermeeschter ze annuléieren. D'Fra hätt zwar keng Indemnité de procédure vu 1.500 Euro zegutt, d'Gemeng dofir awer d'Fraisen z'iwwerhuelen.