Fahrerflucht a Rebellioun zu EttelbréckFra schléit Polizist an d'Gesiicht a probéiert fortzelafen

RTL Lëtzebuerg
Koppel war en Dënschdeg de Moien opfalend am Ettelbrécker Spidol, huet sech dono bei engem Accident duerch d'Bascht gemaach a géint d'Beamte rebelléiert.

Kuerz no 1 Auer hu sech en Dënschdeg de Moien zwou alkoholiséiert Persounen am Ettelbrécker Spidol opfälleg verhalen.

Uschléissend si se aus der Klinik gaangen a mat engem Auto fortgefuer. De Chauffeur ass an der Avenue Lucien Salentiny an e geparkten Auto gerannt, ass allerdéngs net stoe bliwwen.

D'Police huet den Auto zu Bäreldeng konnten ermëttelen. Wéi d'Beamten d'Koppel du befrot hunn ass d'Fra aggressiv ginn an huet ee vun de Polizisten an d'Gesiicht geschloen an ass fort gelaf. D'Police konnt d'Fra awer e puer Meter weider afänken an huet se mat an d'Ausniichterungszell geholl.

Den Alkoholtest vum Chauffer war iwwerdeems positiv.

Back to Top
CIM LOGO