
D'Wäiriewen an d'Drauwelies sinn zanter Generatioune e feste Bestanddeel zu Lëtzebuerg. Ronn 42 Kilometer ass d'Wäibaugebitt laanscht d'Musel hei am Land grouss, op deem Riesling, Pinot Blanc, Pinot Gris, Auxerrois an och d'Drauwe fir de Lëtzebuerger Cremant ugebaut ginn. Ma d'Klima suergt fir grouss Erausfuerderungen a Changementer an de Wéngerten.
D'Kolleege vun RTL Today hu bei Responsabelen nogefrot.
Fir d'Wënzer bedeit Klimawandel méi wéi just e waarme Summer. Vegetatiounsperioden, déi méi fréi starten, Staarkreen, Frascht am Fréijoer, Knëppelsteng, Canicullen an Dréchent maachen d'Konditiounen ëmmer méi onberechenbar. Dës Changementer wierke sech net nëmmen op d'Recolte aus, ma och op den Zäitpunkt, op deem d'Drauwe räif sinn, hir Entwécklung souwéi de Goût.
Eng Rief duerchleeft e Joreszyklus, dee relativ previsibel ass, allerdéngs verschiben héich Temperaturen den zäitlechen Oflaf vun deene Phasen. Wéi den Antoine Clasen, Gerant vu Bernard Massard, am Interview erkläert, hätten d'Riewe fréi ugefaangen, mat wuessen a sinn dofir méi ufänglech am Fréijoer, wann et zu Frascht kënnt. Och d'Wäilies fänkt dowéinst éischter un.
Fir den André Mehlen, Generaldirekter vun Domaines Vinsmoselle, ass déi eminentst Verännerung, dass d'Drauwelies "ëmmer méi fréi ufänkt". Schonn 2022 hunn extreem Hëtzt an Dréchent dozou gefouert, dass d'Lies fir de Cremant schonn ëm den 22. August lancéiert war. Réckbléckend op d'Jore virdru goufen déi éischt Drauwen ëm den 22. September recoltéiert. Dëst Joer wéilt een op Nofro hin ëm den 3. September ufänken, ze liesen, "jee no Wieder".
Och d'Corinne Kox, déi den Domaine L&R Kox am Joer 2019 vun der Famill iwwerholl huet, gesäit dee selwechten Trend vun ëmmer méi fréie Fréijoersufank an héijen Temperaturen, déi de Räifeprozess beschleunegen.
Ginn d'Drauwen éischter zeideg, geréit d'Produktioun vum Wäin aus dem Gläichgewiicht. Wat d'Drauwe méi zeideg sinn, wat och hiren Zockergehalt klëmmt, iwwerdeems dat Saierzegt am Allgemengen erofgeet. Ginn d'Drauwen ze séier zeideg, kënne se deemno en ze héijen Zockergehalt erreechen, nach ier de gewënschte Goût an Aroma erreecht ass. Fir de Wäisswäin an de Cremant ass ebe grad d'Saierzegkeet wichteg. An der Zäit hunn d'Wënzer missen Zocker bei de Most dobäiginn, fir den erfuerderlechen Alkoholgehalt z'erreechen.
Haut, mat de waarmen Temperaturen, musse si no Méiglechkeete sichen, den Alkoholgehalt nees erofzekréien, sou nach den André Mehlen, dëst mat Hëllef vun enger spezieller Hief an neien Technologien.
Besonnesch jonk Reiwe weisen d'Auswierkunge vun Hëtzt a Waasserknappheet. Hir Wuerzele sinn nach net déif genuch am Buedem a si verdréchne méi séier. Eeler Riewe sinn do däitlech méi zolidd, an och si kréie Problemer bei laangen Drécheperioden. D'Riewen ze nätzen, hëlleft zwar, dass se iwwerliesen, eng Léisung wier dat awer net. "Eis Prioritéit läit net bei der Bewässerung, mä de Wäibierg méi robust ze maachen", betount den Antoine Clasen.
E gesonde Buedem mat genuch organesche Substanzen, eng Begréngung vun de Riefzeilen an eng onnéideg Buedembeaarbechtung kënnen d'Kapazitéit vum Buedem, Waasser ze späicheren, erhéijen an d'Riewen duerch méi laang Drécheperioden hëllefen. Jonk Riewe wäerten allerdéngs weider musse bewässert ginn. Zil wier et, keng Ofhängegkeet vun enger Bewässerung ze schafen, mä de Wuerzelen Zäit ze ginn, méi déif an de Buedem ze wuessen, sou nach de Clasen. Och dat ass eng Erausfuerderung, am Hibléck op d'begrenzte Ressourcë beim Waasser.
Dréchent ass awer nëmmen eng Säit vum Problem, seet d'Corinne Kox, a verweist domat op de Kontrast an de leschte Joren, an deene sech Hëtzt an dréche Phase mat iwwerméissegem Reen an Iwwerschwemmungen ofgewiesselt hunn. Fiicht Konditioune sinn nämlech och net optimal a suerge fir Pilzkrankheete wéi déi sougenannte Graufäule a Mehltau.
De Klimawandel forcéiert d'Wënzer awer och, hir Wäibierger nei ze gestalten. D'Kox gesäit doran nach eng Schwaachstell hei am Land am Hibléck op d'Struktur vum Wäinubau: d'Monokultur. Zanter 2019 planzt si Beem tëscht hir Riewen, fir dës Monokultur opzebriechen a méi e villfältegen Ökosystem ze schafen. Laangfristeg gekuckt, kréien d'Drauwe méi Schiet duerch d'Beem an et fërdert d'Aartevillfalt. "D'Beem sinn nach kleng, ma an 20 Joer, wann d'Wiederkonditioune méi extreem ginn, kënne grouss Beem an de Wäibierger immens hëllefräich sinn."
Och an der Aartevillfalt gesäit si en Deel vun der Léisung. Organescht Material kann d'Buedemstruktur an d'Waasserspäicherkapazitéit verbesseren, iwwerdeems eng gréisser Villfalt am Wäibierg zu engem méi widderstandsfäegen Ökosystem bäidroe kann. Bei zukünftegen Decisiounen am Hibléck op d'Planzenzorte wier et donieft néideg, Joerzéngten am Viraus ze plangen. D'Kox ass der Meenung, dass all neie Wäibierg, an dat heescht och d'Wal vun der Riefzort an der Ubaumethod, mat Bléck op déi nächst 50 Joer sollt ugeluecht ginn.
De Klimawandel kréien awer net just d'Wéngerten ze spieren, ma och d'Leit, déi do schaffen. Eng méi fréi Recolte bedeit aner Aarbechtsofleef, anert Ekipement an Transportlogistik. Déi extreem Hëtzt géif d'Aarbecht dann och nach kierperlech méi ustrengend a geféierlech maachen. Fir e Familljebetrib kann eng schlecht Recolte de komplette Betrib an d'Laberente bréngen. Manner Recolte bedeit manner Fläsche fir an d'Vente zu zousätzleche Käschte wéinst der Bewässerung, dem ugepasste Ekipement, der Bewirtschaftung, neien Technologien a Leit, déi ausfale kënnen.
D'Zukunft vum Wäibau hänkt net just dovun of, ob d'Riewen de Klimawandel iwwerstinn, ma och, ob sech nach genuch Leit fannen, déi dat weiderhi maache wëllen. Den Antoine Calsen betount, dass et "noutwenneg ass, de Beruff vum Wënzer nees méi attraktiv ze gestalten, besonnesch fir méi jonk Generatiounen". Fir hie läit déi gréissten Erausfuerderung nach un der Ongewëssheet. Wéi et mam Weider weidergeet, wier "schwéier virauszesoen", "d'Natur géif net drop waarden, bis een eppes plangt".
D'Bedeitung vum Wäibau geet iwwert de produzéierte Wäin eraus, et ass e Stéck Kulturlandschaft an Identitéit. Ouni de Wäibau, seet den André Mehlen, wier d'Muselregioun "als Tourismusdestinatioun sécher manner unzéiend".
Wënzer a Fuerscher sichen no neie Weeër d'Lëtzebuerger Wäiregioun méi widderstandsfäeg ze maachen. Den Institut viti-vinicole an de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIS) erfuerschen am Kader vu Projete wéi "DryVineyard" elo schonn d'Méiglechkeet fir d'Wäibierger méi robust kréien, zu Beispill duerch dréche-resistent Ënnerlagen, den optimalen Zäitpunkt fir d'Recolte fir Cremant a Moossnamen am Beräich vun der Vitiforesterie an Agri-Photovoltaik.
Bei Bernard Massard gehéieren Upassungen zum Alldag am Wäinubau. Den Antoine Clasen erkläert, dass e Wéngert sech an der Aart a Weis ännert, wéi d'Blieder an de Buedem gefleegt ginn, fir d'Drauwe virun ze staarke Sonnestralen ze schützen an esou méi Fiichtegkeet späicheren. D'Virgoensweis ännert jee no Wiederkonditioun: an dréchnen, waarme Jore léisst ee méi Blieder op der Sonnesäit an a fiichte Jore muss een d'Blieder oplackeren, fir d'Loftzirkulatioun ze verbesseren an esou de Risk vu Pilz ze minimiséieren. Flexibilitéit wier dohier wichteg, sou de Clasen.
Fir den André Mehlen vun Domaines Vinsmoselle bitt de Klimawandel och eng Chance, de Lëtzebuerger Wäin op internationalem Niveau ze stäerken. De Grand-Duché kann do op säi gudde Ruff bauen am Hibléck op d'Qualitéit an d'Zouverlässegkeet. Dat erfuerdert Investitiounen an Technologien, net ze vergiesse Mënschen, déi bereet sinn weiderhin an der Landwirtschaft an am Wäibau aktiv ze sinn. Well d'Wieder onberechenbar gëtt, kënne Widderstands- an Upassungsfäegkeet, bei de Riewen, dem Buedem an dem Ökosystem souwéi de Mënschen, déi am Beräich schaffen, genee sou wichteg maache wéi d'Drauf selwer.