Tragesche Virfall zu DiddelengFra stierft no Dampentwécklung an engem Haus
Wéi et heescht, koum et zu Diddeleng zu enger Dampentwécklung an engem Haus, dat an der Rue Gaffelt.
An engem Schreiwes vun der Police vun en Donneschdeg gouf confirméiert, datt eng 86 Joer ale Fra dout aus dem Haus gebuerge gouf.
De Parquet huet an deem Kader eng Autopsie ordonéiert. Fir d’Ursaach vum Brand erauszefannen, gouf d’Spueresécherung mat den Ermëttlunge beoptraagt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.