
Zu Diddeleng an der Route de Boudersberg war en Auto opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Wéi d’Beamten d’Automobilistin ugehalen hunn, huet d’Fra allerdéngs refuséiert, ze kooperéieren. Bei der Iwwerpréiwung vun der Fra huet sech dunn erausgestallt, datt géint si e Fuerverbuet virläit, wouduerch den Auto saiséiert gouf. Den Alkoholtest huet si iwwerdeem och refuséiert, wouropshin de Parquet decidéiert huet, datt de Fürerschäin agezu gëtt.
Um Briddel um CR181 war der Police e weidert Gefier wéinst enger opfälleger Fuerweis gemellt ginn. An dësem Fall huet den Automobilist sech kooperativ gewisen, obschonn den Alkoholtest fir dëse kee gutt Resultat hat. Wéinst dem ze héijen Taux gouf och hei de Permis agezunn.
Och zu Nidderkuer op der Héicht vum Fond-de-Gras war e Chauffer ënnerwee, deen offensichtlech ze vill gedronk hat. Grad ewéi d’Fra vun Diddeleng huet de Mann en Alkoholtest refuséiert, wouropshin de Fürerschäin provisoresch ofgeholl gouf.