Si wier enttäuscht iwwert d'Resultat, datt esou wéineg Fraen et an d'Chamber gepackt hunn, huet um Dënschdeg de Mueren d'Danielle Igniti, Feministin, fréier Presidentin vun den femmes socialistes a fréier LSAP Vizepresidentin gemengt. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.
Et wier interessant wann elo d'Hannergrënn analyséiert géife ginn. D'Ausso, datt och Fraen net onbedéngt Frae gewielt hätten, dat misst sech nach bestätegen, duerch eben eng Etüd. Et wier iwwerhaapt interessant ze gesinn, wie Frae wielt. Datt d'Frae sech net onbedéngt an d'Politik trauen, dat kéint gutt sinn, esou d'Danielle Igniti, well si och net wierklech encouragéiert ginn.
Wat d'Fraequote ugeet, wier datt ee Moyen fir de Wee méi einfach ze maachen, net fir Männer erofzemaachen. Mä wat ee géif feststellen wier, datt déi Leit, déi an der Politik elo sëtzen, och net wëlles hunn ze réckelen. Wa mir no Kompetenze géife kucken, dann hätte mir eidel Lëschten.
Enttäuscht weist sech d'Danielle Igniti och doriwwer, datt d'Tess Burton elo net an d'Regierung kënnt, mä déi net gewielte Paulette Lenert. Wann eng Fra déi de Walkampf mat gemaach huet, an do gutt ofgeschnidden huet, an da net matgeholl gëtt, ass dat keng Motivatioun fir Fraen an d'Politik ze goen.
En Dënschdeg war déi fréier Presidentin vun de femmes socialistes a fréier LSAP-Vizepresidentin eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.