„Fräi fir jiddereen op Päischtdënschdeg, passt net méi an eis Zäit.“ De Minister Claude Meisch versteet d'Opreegung net wéinst Päischtdënschdeg d'nächst Joer.
Deen Dag, wou zu Iechternach d'Sprangprëssessioun ass, ass jo eng Woch no der Schoulvakanz an d'Schüler hunn net méi automatesch schoulfräi. Jiddereen, deen awer wëll zu Iechternach derbäi sinn, kann dat maachen, huet den Educatiounsminister um Méindeg de Moie widderholl; hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
D'office jidderengem fräi ze ginn, géif kee Sënn maachen. Dat hei wär eng equilibréiert Léisung. All 5 Joer kënnt et vir, datt Päischtdënschdeg net an d'Vakanz fält.
Datt manner Leit op d'Sprangprëssessioun kommen, wär och schonn déi lescht Joren de Fall gewiescht. D'Situatioun d'nächst Joer, wär keng Gefor fir Sprangprëssessioun, mengt de Claude Meisch. Et sollt een sech villäicht méi drop konzentréieren, wéi een d'Kanner op Iechternach kritt an d'Traditioun héich hält. Do wären d'Gemengen an d'Kierch gefrot.
Deen Dag sollen och keng Prüfunge sinn, wäert et d'Instruktioun vum Educatiounsminister sinn, sou de Claude Meisch am RTL-Interview.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war den Educatiounsminister Claude Meisch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren