VIDEO: Ee Posten zwee KandidatenFrank Engel vs Serge Wilmes: Wie gëtt CSV-President?

Caroline Mart
Mariette Zenners
Lynn Kayser
E Samschdeg gëtt beim CSV-Kongress zu Mutfert eng komplett nei Partei-Spëtzt gewielt. En Donneschdeg war de Serge Wilmes Invité um Plateau vun der Tëlee.

En Dënschdeg war den LSAP-Kongress zimlech harmonesch, den nächste Samschdeg ass den CSV-Kongress an dee kënnegt sech méi spannend un. Zu Mutfert gëtt bei de Chrëscht-sozialen eng komplett nei Parteispëtzt gewielt, mee fir de President ass et eng Kampfofstëmmung, manner eng Generatiounefro bei grad 7 Joer Ënnerscheed tëscht dem Frank Engel an dem Serge Wilmes, ma duerfir awer kloer eng Richtungsfro fir d’Parteimemberen.

VIDEO: Frank Engel vs Serge Wilmes: Wie gëtt CSV-President?
E Samschdeg gëtt beim CSV-Kongress zu Mutfert eng komplett nei Partei-Spëtzt gewielt. En Donneschdeg war de Serge Wilmes Invité um Plateau vun der Tëlee.

Nodeems de Frank Engel de 16. Januar ee vun den Invitéen am Kloertext war, war en Donneschdeg den Owend de Serge Wilmes am Interview um Plateau vun der Tëlee. Hei huet den CSV-Politiker iwwert seng Ambitiounen als méigleche Partei-President geschwat.

Den CSV-Deputéierte Serge Wilmes wëllt, datt d'Membere vun der Partei nees méi agebaut ginn. E weidert Zil ass, fir no bei de Bierger ze bleiwen, fir och an Zukunft hir Suergen an Erausfuerderungen ze kennen. Weider war et d'Ausso, datt hie fir eng intelligent Oppositioun wëll stoen, eng Oppositioun net vun de Wierder, mä vun de kloren Inhalter an Alternativen.

Aus de Feeler, déi an der leschter Legislaturperiod geschitt sinn, misst ee léieren, fir et da bei den nächste Walen nees an d'Regierung ze packen. Dofir misst een d'Membere méi abannen, et misst ee kloer Positiounen an Zukunft huelen a virun allem no bei de Matbierger sinn, sou de Serge Wilmes. Weider misst een och déi Jonk an Zukunft seriö huelen, d'Sujete vun hinnen an de Mëttelpunkt stellen an och méi op si agoen.

Kloertext: Wéi gesäit d'Zukunft vun der CSV aus?

De 16. Januar goung et am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg ëm d'Zukunft vun der CSV. Invité war hei och de Frank Engel, dee sech do kloer dozou geäussert huet, wat him um Häerz läit a wat hie wëll an Ugrëff huelen, sollt hien den neie President vun der CSV ginn. Ënnert anerem war et hei d'Äusserung, datt een erëm Theme misst besetzen, déi villäicht net d'Kärtheme vun der Partie sinn, zum Beispill d'Ekologie an d'Digitaliséierung.

RTL-Artikel: De Kloertext elo am Replay: D'CSV kritiséiert Politiséierung am ëffentlechen Déngscht, Premier reagéiert

Back to Top
CIM LOGO