Et géif Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht stoen, datt probéiert gëtt, méi Transparenz an d'Praktike vun de Steier-Rullingen ze bréngen. Ma de moraleschen Aspekt eleng geet awer net duer, wéi de Franz Fayot vun der LSAP en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview sot. D’Moral muss duerch Gesetzer nogehollef kréien.
An enger globaliséierter Welt heescht dat awer, datt net nëmmen op lëtzebuergeschem an europäeschem, mä och op G20-Niveau muss gehandelt ginn.
Wat d'Stock-Options ugeet, also Participatioune fir de Salariée u sengem Betrib, soll een nees zeréck bei d'Basis-Iddi vun dëse kommen. Dat heescht, datt de Salariée mat de Stock-Options eng Motivatioun méi huet, fir gutt ze schaffen, amplaz datt nëmmen héichbezuelte Salariéeën esou zu Steiererliichterunge kommen.
Op seng Partei ugeschwat, sot den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, datt Sozialisten nees méi Profil misste weisen, an de Message, datt si zum Beispill fir sozialen Zesummenhalt stinn, nees besser un d'Leit bréngen. An der Regierung bleiwen à tout prix soll et net sinn. Oppositioun ass awer och kee Selbstzweck, mä wann, da wier et eng gutt Méiglechkeet fir d'LSAP sech ze regeneréieren.
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
D’Paradise Papers sinn um Dënschdeg e Sujet am Europaparlament zu Stroossbuerg. Vun 9 Auer u gëtt debattéiert. Ënnert anerem mam Kommissär fir Wirtschaft a Steierpolitik, dem Pierre Moscovici. Duerch déi legal mä moralesch verwerflech Praktike géifen Experten no, den EU-Staate Suen an zweestelleger Milliardenhéicht verluer goen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.