SozialwalenFréier Bankegewerkschaft Aleba ass optimistesch

Anne Wolff
Si hofft op national Representativitéit, dat wieren 20 Prozent vun den nationale Stëmmen.
© Anne Wolff

Domat wëll d’Aleba den zwou national representative Gewerkschaften OGBL an LCGB Konkurrenz maachen.

Et wier een nämlech eng politesch neutral Gewerkschaft, betount de President Robert Mendiola am RTL-Interview. Déi bestéing aus Leit vum Terrain. D’politesch Neutralitéit géif et der Aleba erlaben, Saachen haart ze soen, déi anerer net emol flüstere géingen. D’Gewerkschaft bekennt sech och zum Index a wëll an Zukunft dofir astoen, dass deen net méi reportéiert géif. Allerdéngs wier een oppe fir de System z’iwwerdenken.

D’Aleba wier an der Chambre des Salariés dann och an de Secteure 4 bis 9 representéiert (Finanz, aner Déngschtleeschtungen, ëffentlech Administratiounen, Gesondheet-a Soziales, CFL, Pensionnairen). Allerdéngs hätt een Delegatiounen an alle Beräicher ausser bei der Stolindustrie, der CFL an de Pensionnairen, also an de Secteuren 2 bis 7.

Back to Top
CIM LOGO