Urteel am Lunghi-ProzessFréier Journalisten zu Geldstrof verurteelt

RTL Lëtzebuerg
D'Geriicht huet déi zwee fréier Mataarbechter vun RTL wéinst Diffamatioun verurteelt.

En Donneschdeg de Moien ass d’Urteel am Lunghi-Prozess gesprach ginn. De fréieren RTL-Journalist Marc Thoma an déi fréier Freelance-Journalistin Sophie Schram goufe wéinst Diffamatioun jiddereen zu enger Geldstrof vun 1.000* Euro verurteelt. D’Partie civile, den Enrico Lunghi also, kritt als Entschiedegung e symboleschen Euro.

De fréiere CEO vun RTL Alain Berwick an de Content Director vun RTL Steve Schmit goufen allebéid fräigesprach. Dat huet eis de Porte-Parole vum Parquet Henri Eippers confirméiert.

Den Affekot vum Marc Thoma, de Maître Daniel Baulisch, huet op RTL-Nofro confirméiert, dass si dëst Urteel net wäerten unhuelen. Si géingen d’Begrënnung ofwaarden an dann Ufank Januar direkt an Appell goen. Och d’Sophie Schram huet annoncéiert, dass si wäert an Appell goen.

*An enger éischter Versioun hate mer eng Strof vun 2.000 Euro fir de Marc Thoma opgelëscht. De Parquet huet dës Informatioun spéider op 1.000 Euro fir béid fréier Journaliste verbessert.

Back to Top
CIM LOGO