D’Faiten hu sech am November 2020 bei der Grenzbréck zougedroen an d’Affer gouf um Bee blesséiert.
Poliziste mat Maschinnegewierer virun der Dier, e Mupp virum Geriichtssall an dräi vermummte Polizisten am Sall. Esou vill Police ass och viru Geriicht net Alldag. Den Ugeklote stoung wéinst diverse Verbriechen a verschiddene Länner Ufank 2021 op der Lëscht vun de meescht gesichte Verbriecher an Europa. 2022 gouf hien zu Bréissel festgeholl an op Lëtzebuerg iwwerfouert.
Den haut 33 Joer ale Mann aus Albanien niéiert d’Faite vun November 2020 zu Réimech net. Ma den Deroulement vun dësen, war dem schlanke grousse Mann no, dee ganz a schwaarz gekleet war, en aneren, wéi deen an der Versioun vum Affer.
Hie wier an engem Bar mat dräi Frëndinne gewiescht, wou zwee aner Gäscht sech un dës erugemaach hätten. Nodeems et zu enger verbaler Ausenanersetzung komm wier, hätt méi spéit eng Persoun un d’Fënster geklappt an him gesot, e soll eraus kommen. Do wier hie vun op d’mannst fënnef Persounen ëmstallt ginn a vum spéideren Affer mat engem Messer an den Uewerschenkel gepickt ginn. Véier Mol hätt hien e Schoss ofginn. Een dovunner huet d’Wued vum Affer getraff. A senger Versioun war dat souzesoen Noutwier. Kuerz drop hätt e Kolleeg hie vun der Plaz ofgeholl, dee souwisou sollt kommen, fir him Kokain ze verkafen. Den Expert vum Geriicht konnt awer spéider, also no der Verhaftung vum Ugekloten zu Bréissel, net méi feststellen, ob déi Cicatrice, déi den Ugekloten u sengem Uewerschenkel huet, vun deem Dag zu Réimech staamt.
D’Versioun vum Affer, wat och d’Originn aus Albanien ass, war eng aner, mee och net wesentlech méi kloer. D’Ausernanersetzung am Bar soll tëscht dem Beschëllegten, an engem Kolleeg vun der Victime stattfonnt hunn. E bëssi méi spéit huet d’Victime mat dësem Kolleeg d’Bar verlooss. Well him awer wéinst der Ausernanersetzung onwuel war, hätt hien en Holzblock bei der Dier vum Bistro opgeraf an an d’Broschttäsch vu senger Jackett gestach. Wou hien e Schoss op där anerer Stroossesäit héieren huet, ass hien dohinner gelaf... a stoung plëtzlech virum Ugekloten op enge véier Meter ewech. Hien hätt wëllen a seng Broschtäsch nom Holzblock gräifen, mee de Mann hätt dunn op hie geschoss. D’Affer geet awer net dovunner aus, dass de Beschëllegten hien ëmbrénge wollt.
De Riichter wollt wëssen, ob hien net villäicht awer eng Matraque a senger Täsch gehat hätt. Dat huet d’Victime awer niéiert. Dorobber ugeschwat, ob hie Leit gesinn hätt, déi arméiert waren, sot hien, dass hien et net wéisst. Et wieren eng 30 Leit ronderëm gewiescht. Hie kéint sech just un eng Persoun mat engem Baseballschléier erënneren. Wisou grad op hie geschoss gi wier, konnt hien dem Riichter net beäntwerten.
D’Affer wollt sech och net Partie civile constituéieren, fir Schuedenersatz ze fuerderen. Hie géing bedaueren, viru Geriicht ze stoen, an och nach an engem Prozess mat engem Landsmann. Dat géing e falscht Bild ofginn.
De Prozess geet e Mëttwoch weider. Ënner anerem mat den Aussoe vun den Zeien.