
D’DP fuerdert an hirem Kaderwalprogramm fir d’Gemengewalen, eng Gemengepolice, déi de Buergermeeschteren a Buergermeeschteschen ënnersteet, mat Unitéiten, déi vun der Police grand-ducale zur Verfügung gestallt ginn. D’CSV hätt gären e Corps d’auxiliaires de Police mat Police-Kompetenzen, deen dem Schäfferot follegt, mä un d’Police grand-ducale rattachéiert ass. Virschléi, déi vill Froen opwerfen, fënnt de fréiere Procureur vun Dikrech Jean Bour.
Zum Beispill déi, wéi eng Kompetenzen esou eng Gemengepolice soll hunn, freet de Jean Bour: “Solle se kënne Strofdote feststellen? A wat fir eng? Wann ech zum Beispill éierens eng Ronn dréinen an ech gesinn, datt een aus dem Haus gerannt kënnt, deen de Fernsee ënnert dem Aarm huet a wou ech mer soen, deen do huet lo grad agebrach, ech kann e wéi jidderee festhalen, mä kann ech dann d’Strofdot feststellen? Kann ech enquêtéieren?” Oder soll dofir d’Police grand-ducale zoustänneg bleiwen?
Solle se patrulléieren, freet hien. Dat wier eng Fro vun Effektiver, well fir eng Patrull vun zwee Leit 24 Stonne op 24 funktionéieren ze loossen, bräicht op d’mannst sechs bis siwe Leit.
Scho viru 50 Joer huet hien e Rapport redigéiert, iwwert déi deemools nach net fusionéiert Gendarmerie- a Police-Corpsen. D’Gemengepolice gouf 1930 verstaatlecht mat engem Police-Direkter un der Spëtzt. 1999 goufen d’Gendarmerie an d’Police schliisslech fusionéiert, grad mam But, fir Synergien ze schafen, méi effikass ze sinn a fir datt déi zwee Corpse sech keng Konkurrenz um Terrain sollte maachen.
DP an CSV proposéieren, hir Gemengepolice soll aus der 1999 fusionéierter Police grand-ducale kommen oder dru rattachéiert sinn. Déi ënnersteet, wéi gesot dem Police-Direkter. “Also wéi wëllt der eng Police municipale an eng Police integréieren, wou de Policedirekter hiren Direkter ass, wou dann awer de Buergermeeschter seet: d’Police municipale, do sinn ech Meeschter?”
Ween decidéiert, wou d’Beamten agesat ginn. Et ass och eng Fro vu Geld a Moyennen, well de Budget vun der Police stëmmt de Staat. “Wann der se an d’Police integréiert, da braucht der nëmme ze soen, da rekrutéiert méi Leit, wann der se kritt.”
De Jean Bour huet iwwerhaapt Bedenken, wa Politiker Chef vun der Police ginn. Ouni se ënner Generalverdacht ze stellen, “mä do sinn net iwwerall vun alle Buergermeeschter d’Strofgesetzer bekannt, vu weegen Traffic d’influence a sou weider an esou virun. Dat nenne se dann eng Intervention indue. Ech wëll net soen strofbar, mä sou: ‘Kanns de net kucken, datt se méi oft bei mir laanscht kommen?’.”
Déi gefuerdert Gemengepolice soll de Bierger méi Sécherheet ginn. Ma seet de Jean Bour: “Fir déi Sécherheet ze ginn, déi do ëmmer gemengt gëtt, dat ass déi, wou jidderee gären hätt, datt op 50 Meter vun him zwee Polizisten stinn. Gemengen oder egal: Dat ass einfach net dran.”
Soll ee separate Corps geschaaft ginn, da stellt sech d’Fro vum Statut vun der Gemengen oder Hëllefspolice. “Da seet d’Police: ‘Jo Moie Mich, mir si national Police, mir hunn Aufgaben hei, déi gi bis zur Terrorbekämpfung.”
An doriwwer eraus freet de Jean Bour “a wéi sinn d’Relatioune mam Parquet? De Parquet ass scho frou, wann e lo net muss mat sechserlee Corpsen ëmgoen.”
Op kee vun dësen Aspekter ginn d’DP oder d’CSV an hire Walprogrammer an.