
Et ass ee Sujet deen hinnen um Häerz läit, fir dee si sensibiliséiere wëllen. Mënschlech wéi och um juristesche Plang. D’Grande-Duchesse Maria Teresa hat dofir e Freideg de Mëtteg an de Palais invitéiert, wou si zesumme mam Friddensnobelpräisdréier Denis Mukwege an der Juristin Celine Bardet iwwert d’sexuell Gewalt an de Konfliktzone geschwat huet, mat Vue op den internationale Forum "Stand Speak Rise up" Enn Mäerz.
Ronn 40 Fraen, déi Affer vu sexueller Gewalt a Konflikter goufen, kommen de 26. an 27. Mäerz nämlech op Lëtzebuerg, fir op deem Forum iwwert hir tragesch Experienzen ze schwätzen a sech och mat anere Persounen auszetauschen, déi dat selwecht erlieft hunn. Ee Sujet, deen nach ëmmer schéngt, een Tabu Thema ze sinn. Ma et wieren net d’Affer, déi net iwwert d’Gewalt géife schwätzen, et wier eis Gesellschaft, déi kee Wuert doriwwer géif verléieren.
Eng Situatioun un där sech eppes ännere misst. Aus Affer soll och Iwwerliewender ginn, huet zum Beispill de Friddensnobelpräisdréier Denis Mukwege gemengt.
Et misst ee sech der Gravitéit vum Viol bewosst ginn, esou d’Grande-Duchesse Maria Teresa, an de Fraen Visibilitéit ginn. Dacks wier de scho grausame Viol nämlech mat enger Atrocitéit an Tortur verbonnen. Um internationale Forum an zwee Méint solle Frae participéieren, déi sexuell Gewalt a Kricher erlieft hunn. Et geet ënnert anerem drëms, datt si sech um Forum austauschen, erkläert d'Grande-Duchesse.