smartwielen.luFroekatalog fir Europawalen gëtt aktuell ausgeschafft

Claudia Kollwelter
Dofir ass et den Opruff vum Zentrum fir politesch Bildung, datt d'Leit hir Froen elo sollen eraschécken.

Wéi eng Partei oder wéi e Kandidat vertrëtt Är Meenung an Är Positiounen am meeschte fir d’Europawalen? Um Internetsite smartwielen.lu soll een dat och dëst Joer erëm fir d’Europawale kënnen erausfannen. Um Froekatalog gëtt aktuell geschafft. De Projet vun der Uni Lëtzebuerg am Zentrum fir politesch Bildung mécht dofir den Appell un d’Leit dobaussen, hir Froen eranzeginn.

smartwielen.lu fir Europawalen / Reportage Claudia Kollwelter

Maximal dräi Froen kann all Utilisateur proposéieren, a Bezuch zu aktuellen politeschen Themen, erkläert de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung:

Wichtegst Viraussetzung ass natierlech, datt et mat engem Thema vun Europa oder der europäescher Unioun ze dinn huet oder et e Problem ass, deen op europäeschem Niveau kann oder misst abordéiert ginn.

D’Formulatioun vun der Fro oder Thees wier do manner wichteg. Et wier d’Iddi, déi schlussendlech berécksiichtegt gëtt. Fir d’Nationalwalen hat ee schonn den Appell gemaach, Froen eranzeginn. 500 Propose wieren erakomm.

Déi sinn all gekuckt an analyséiert ginn an déi erausgeholl ginn, déi puer Mol erakomm sinn. Dono war e klengen Echantillon vu Froen, déi nach net souwisou scho virgesi waren oder diskutéiert waren. Mir haten also 10% vun de Froen, déi vu Propositioune vu baussen waren.

Bis den 3. Mäerz kann een d’Froen eraschécken. Eng 30 bis 35 gi schlussendlech fir de Froebou zréckbehalen:

An da kréien d’Kandidaten a Parteien déi geschéckt, wouropshin si hir Positioun dozou kënnen anhuelen.

Den Outil geet den 9. Mee online, wou een da kucke kann, mat wiem een am meeschten Iwwereneestëmmungen huet oder och net. Fir déi lescht Europawalen hätten eng 30.000 Utilisateuren de Site benotzt. Fir d’Nationalwalen war et iwwerdeems e Plus vun 30 Prozent. Den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung hofft natierlech, datt dee Chiffer dëst Joer nach weider klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO