Gréng Luucht vun der ChamberFrontalieren aus Frankräich dierfe 34 Deeg Homeoffice pro Joer maachen

RTL Lëtzebuerg
Frontalieren aus Frankräich dierfen elo 34 Deeg Teletravail d'Joer maachen, éier si a a Frankräich Steiere bezuele mussen.

Bis ewell konnte Frontalieren aus dem Hexagon héchstens 29 Deeg Homeoffice am Joer maachen, éier si bei sech doheem hu misste Steiere bezuelen.

D’Chamber huet e Mëttwoch de Mëtteg eestëmmeg eng Konventioun ugeholl, mat där d’maximal Unzuel vun dësen Deeg op 34 eropgesat gëtt. Dës hat d’Finanzministesch Yuriko Backes de 7. November zejoert mat hirem franséischen Homolog Bruno Le Maire ënnerschriwwen. Déi nei Reegel gëllt retroaktiv vum 1. Januar dëst Joer un.

Nei ass an der steierlecher Konventioun och, dass och d’Fonction publique concernéiert ass an net méi just d’Privatwirtschaft. Dat heescht, déi nei Reegel gëllt och fir franséisch Residenten, déi zum Beispill bei der Bankenopsiicht CSSF schaffen.

Back to Top
CIM LOGO