
Dës Informatioun krut RTL vum Affekot vum Sportler, dem Roy Reding, confirméiert. Weider war et d'Informatioun, datt de Futtballer, dee fir de Stater Racing spillt um Mëttwoch vun engem Untersuchungsriichter gehéiert gouf - natierlech spillt d'Presomption d'innocence.
Datt et eng Inculpatioun gouf, gouf eis och vum Affekot vum 33 Joer ale Mann confirméiert. Den Dan da Mota wier onschëlleg. Hien hätt sech net strofbar gemaach. Wéint der Denonciatioun vu Säite vun enger Bank krut hie vun engem Untersuchungsriichter ënnerstallt, hien hätt sech strofbar gemaach. Elo misst mol eng Enquête gemaach ginn, ob iwwerhaapt Uklo erhuewe gëtt.
De Roy Reding stellt nach eppes anescht kloer: Eng Instruktioun heescht net, datt ee sech schëlleg gemaach huet, mee just datt eng Enquête gemaach gëtt. Hie géif dat net an der Rei fannen, datt iwwer Instruktioune geschwat gëtt an och net, datt Leit aus dem Sekter vun der Justiz esou Tuyaue systematesch un d'Medie weiderginn, wa Perquisitioune sinn oder wa Leit inculpéiert géife ginn.
Den Dan da Mota war zejoert fir d'ADR mat an d'Chamberwale gaangen - 2017 war de gebiertegen Ettelbrécker no 9 Joer am Minett vum F91 bei de Racing gewiesselt.