Déi 35,7 Grad vum Dënschdeg waren zwar ganz héich Temperaturen, awer keen neie Juni-Rekord.
Deen ale Rekord läit nämlech bei 37,5 Grad Celsius, gemooss den 22. Juni 2017 (an net bei bei 35,4 Grad, wéi eise Meteosservice eis iertemlecherweis matgedeelt hat). Mir bieden de Mëssel ze entschëllegen!
Den absolutte Rekord läit iwwregens bei 37,9 Grad Celcius. Dee gouf am Supersummer 2003 gemooss an zwar direkt op zwee Deeg, den 8. an den 12. August um Findel (op der Musel waren deemools 39 bis 40 Grad).
Bei der Berechnung vum Rekord ginn d'Wäerter vum Findel geholl zanter 1947. Um Findel louch de Maximalwäert en Dënschdeg bei 33,4 Grad.
Wéinst de waarmen Temperature stellen ëmmer méi Gemengen d'Schüler aus de Grondschoulen e Mëttwoch de Mëtteg oder souguer de ganzen Dag fräi. Och verschidde Lycéeën hu reagéiert. Eng komplett Lëscht gëtt et hei.
E Mëttwoch kéint den Temperaturrekord fir de Mount Juni dann awer wierklech geknackt ginn - ma waarde mer emol of ...
Meteolux huet fir de Süde vum Land eng Alerte rouge eraus gi fir e Mëttwoch de Mëtteg.
Wéinst der Hëtzt ass och den Evenement "Klassik am Park" en Donneschdeg, 27. Juni um 12.30 Auer net am Stater Park, mä an der protestantescher Kierch an der Rue de la Congrégation.
Communiqué „Klassik am Park" – Donnerstag, den 27. Juni 2019
Neuer Veranstaltungsort: „Eglise Protestante" (rue de la Congrégation) um 12.30 Uhr
Aufgrund der Hitzewelle, die für Donnerstag, den 27. Juni angekündigt wurde, findet das
Konzert „Klassik am Park" nicht im Park der Villa Vauban, sondern in der Église Protestante in der rue de la Congrégation statt.
Programm: Während einer Stunde spielt das „Brass Ensemble" in seinem Programm ein Repertoire von Dvorak, Ibert und Janáček. Das Ensemble setzt sich zusammen aus Markus Brönnimann (Flöte), Philippe Gonzalez (Oboe), Jean-Philippe Viviers (Klarinette), Stéphane Gautier-Chevreux (Fagott), Andrew Young (Horn) und Sébastien Duguet (Bassklarinette).
Freier Eintritt.
Die Konzerte im Rahmen von "Klassik am Park" werden von der Stadt Luxemburg und dem Kulturministerium angeboten und werden vom Luxembourg City Tourist Office in
Zusammenarbeit mit der Villa Vauban, Kunstmuseum der Stadt Luxemburg organisiert.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.