
Et ass de Pompjeeë gelongen, d'Feier ze läschen. D'Persoun, déi d'Gasheizung manipuléiert hat, koum mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d'Spidol. Déi aner Leit am Gebai an an den Haiser ronderëm goufen evakuéiert an hu missen op enger anerer Plaz logéiert ginn.

Wéi en Zeien RTL géintiwwer erzielt huet, hätt en Noper séier reagéiert a virun der Arrivée vun de Rettungsekippe scho Flame mam Gaardeschlauch geläscht. Esou hätt ee kéinte Schlëmmeres verhënneren.
Eng 40 Pompjeeë ware fir dës Interventioun mobiliséiert ginn.
D'Police huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet, fir déi genau Ëmstänn ze klären. Am Rapport vun der Police geet een awer och dovun aus, dass et zu der Explosioun koum wéinst enger Manipulatioun un enger mobiller Heizung.
