Energie spueren - Zil erreechtGasreserven an Europa sou héich wéi ni virdrun

Isabelle Henschen
Lëtzebuerg hat sech d'Zil gesat, am Joer 2022 am Verglach mam Joer virdrun 15 Prozent Gas anzespueren. Ma et goufen esouguer 30 Prozent areecht.
© RTL

“90% vun de Gasspäicher an Europa si voll”, seet de Carlo Bartocci vu CREOS. Esou eng Situatioun wier et di Jore virdrun nach ni um europäeschen Energiemaart ginn. Aus deem Grond bräichte mer eis keng Suerge méi ëm d’Gasversuergung dëse Wanter ze maachen. An een Enkpass géife mer net méi geroden. Och d’Stroumversuergung wier geséchert. D’Gefor vun engem Black-out géif net méi bestoen. D’Stroumproduktioun a Frankräich wier stabil, vun de 56 Kraaftwierker wieren der ëm déi 40 um Netz. Ausserdeem wier vill Wand, d’Wandrieder lafen op Héichtouren, wat dozou bäidréit datt d’Energiemarchéë sech stabiliséieren.

Lëtzebuerg areecht d'Ziler beim Spuere vun Energie
An Europa sinn d’Gasreserven esou héich wéi nach nie. Lëtzebuerg wollt am Fong 15 Prozent aspueren, ma am Endeffekt et warenet der esouguer 30 Prozent.

Wéi vill Energie huet Lëtzebuerg 2022 gespuert?

Gas:

Als Objektiv hat sech eist Land gesat 15% Gas am Joer 2022 anzespueren. Am Schnëtt wieren et awer 30% gewiergt. D’Zuele vu CREOS weisen, datt mer am Oktober 2022 hei am Land 36% manner Gas verbraucht wéi dat Joer virdrun, am November 34% an am Dezember 15%. Kuckt ee sech eleng d’Industrie un, déi vu CREOS versuergt gëtt, da wier am Oktober 2022 34%, am November 2022 34% an am Dezember 2022 souguer 37% manner par Rapport zum Virjoer verbraucht ginn.

© RTL

Stroum:

Den Energieministère huet d’Zuele vum Stroumverbrauch an de béiden Netzer, deem vu CREOS a vu SOTEL. D’Netz vu SOTEL versuergt d’Stolindustrie mat Stroum. Vergläicht een de Verbrauch vun de Méint am Joer 2022 mat deene vun de 5 Joer virdrun, dat heescht 2017 bis 2021, da stellt ee fir di zwee lescht Méint vum Joer eng gréisser Reduktioun am Stroumverbrauch fest. Am November 2022 sinn 9,88% manner elektresch Energie verbraucht gi wéi am Schnëtt di 5 Joer virdrun. Am Dezember 2022 8,56% manner.

© RTL

null

Back to Top
CIM LOGO