
Hien hätt keng Beweiser, a wier dowéinst och net un d’Justiz erugetrueden, oder méi fréi un de Premierminister. Dat sot den ADR-Politiker Gast Gibéryen en Donneschdeg de Moien op eiser Antenne. Den Deputéierte soll scho virun der Press iwwert déi illegal SREL-Ecouten gewosst hunn.
Hien hätt awer eng gewëssen Immunitéit als Deputéierten, a wier och gesetzlech net verflicht gewiescht, d’Justiz z’informéieren, well hien net ënnert d’Gesetz vun der Fonction publique géif falen. D'Doris Woltz, de Premier an d’Kontrollkommissioun hätten d’Justiz misste kontaktéieren.
Wien him eppes gesot huet, wollt den Gast Gibéryen net soen, hien hätt eng gewëssen Immunitéit als Deputéierten, a wier och gesetzlech net verflicht gewiescht d’Justiz z’informéieren, well hien net ënnert d’Gesetz vun der Fonction publique géif falen. Doris Woltz, de Premier an d’Kontrollkommissioun hätten d’Justiz missten kontaktéieren.
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 war den ADR-Deputéierten.
Op d’Fro op säin Informant den André Kemmer wier, sot de Gast Gibéryen, datt wann hien eppes mam ADR-Member ze schwätzen hätt, wat kriddeleg wier, hätt hien dat net an der Ëffentlechkeet gemaach.
Um Donneschdeg de Mëtteg ass den Deputéierten an déi zoustänneg Kontrollkommissioun invitéiert. Hie wier net gezwonge ginn, mä invitéiert ginn, betount de Gast Gibéryen. Bis ewell hätt hien och nach keen Drock gespuert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video - well mir an en neit Gebai geplënnert sinn an net alles matenee maache konnten. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.