De Budget 2018 ass kee fir déi nächst Generatiounen, well et ginn trotz staarker Ekonomie, weider Scholde gemaacht! Sou den adr-Deputéierten Gast Gibéryen am RTL-Interview.
All d'Defiziter géifen iwwer Emprunte finanzéiert ginn. De Staat géif awer just Zënsen, mä kee Kapital bei dëse Kreditter zeréckbezuelen. Dat Kapital misst awer dann iergendwann vu kommende Generatiounen rembourséiert ginn, fäert den adr-Politiker.
Et géif och nach ëmmer ze vill op quantitative Wuesstem gesat ginn, dee vill Aarbechtsplaze brauch, amplaz qualitative Wuesstem, kritiséiert den Invité vun der Redaktioun, dee mengt datt d'Regierung an der Wuesstemsfal stécht.
Dernieft hätt d'adr zum Beispill méi lues gemaacht bei der Steierreform, hei wier aus politesche Grënn mat der Strenz geschafft ginn, sou nach de Gast Gibéryen.
Um Dënschdeg de Mëtteg vu 14.30 Auer un, presentéiert d'DP Deputéiert Joëlle Elvinger de Budgetsrapport 2018, deen dann déi nächst Deeg an der Chamber diskutéiert gëtt.
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen.