Schonn um 10.30 Auer op Allerhellege war an der Porkierch zu Nidderwolz d’Houmass. Ma zu Wolz ass et op Allerhellegen eng Traditioun, datt d’Griewer um Kierfecht net direkt dono, mä réischt Mëttes geseent ginn. Fréier gouf de Kierfecht esouguer op zwee Deeg geseent, Allerhellegen d’Griewer vun den Uewer- an Allerséilen d’Griewer vun den Nidderweelzer. Obwuel de Rendez-vous haut réischt um 15:00 Auer war, kommen déi éischt Leit schonn eng gutt hallef Stonn éischter. Wéi den Numm et scho verréit, feiere Chrëschten op dësem Dag déi Helleg.
Mä wat mécht een Mënsch zu engem Hellegen? “Déi, déi an hirem Liewe probéiert hunn, dat wat se vum Evangelium verstanen hunn, ganz konkret ëmzesetzen. An déi, ech denken, dat mécht d’Hellegkeet aus, eppes vum Herrgott senger Léift a Guttheet, vu senger Suerg fir de Mënsch, ausgestraalt hunn. Déi feiere mer haut. An do si sécherlech Mënschen drënner, déi mer an eisem Bekanntekrees haten. Et gi jo och Leit vun deenen ee seet, hei dat doten ass een Hellegen, oder deen do kënnt direkt an den Himmel”, seet de Maurice Peporte, Paschtouer vun der Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.
Dat géing dann och d’Bréck zu Allerséilen den Dag drop schloen, wou alle Verstuerwene geduecht gëtt. Och wann haut eng Partie Fräiwëlleger zu Wolz eng Hand mat ugepaakt hunn, ass gewosst, datt déi kathoulesch Kierch am ganze Grand-Duché personell net méi sou breet opgestallt ass wéi an der Zäit. Dowéinst ass et och net sou evident, d’Griewerseenungen ze organiséieren, erkläert de Maurice Peporte.
Ech mengen, et brauch och vun de Leit hier eng gewësse Flexibilitéit. Et ass gewosst, datt mer net méi alles kënnen op Allerhellegen an Allerséilen assuréieren. Mä hei, wou ech komm sinn, do war eng Gottesdéngschtuerdnung do, déi mer iwwerholl hunn. Mir probéieren et dann ëmmer sou ze ajustéieren, datt mer iwwer d’Ronne kommen. Ech sinn och dankbar, ech hunn och Matbridder, déi mer hëllefen, fir d’Griewer an der Par hei ze seenen.” Ob d’Leit an éischter Linn aus Glawen op de Kierfecht kommen, oder well se hir Famill gesi wëllen, wéist hien net. Et sollt een déi zwou Saachen och net géinteneen ausspillen, se géinge par Konter zesummegehéieren. Et wier iwwerdeems schwéier anzeschätzen, ob d’Unzuel u Leit am Verglach mat der Vergaangenheet erofgeet. De Maurice Péporté ass nämlech réischt zanter 2019 Paschtouer an der Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul a wéinst der Corona-Pandemie huet hie keng richteg Vergläichsméiglechkeeten. Haut huet de Kierfecht zu Wolz op alle Fall gutt gefëllt gewierkt, wourun de Péitruss wuel och net ganz onschëlleg dierft sinn.