A7Gefier a Brand am Tunnel Grouft

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie kuerz virun 11 Auer war et d'Meldung, dass a Richtung Stad am Tunnel Grouft e Gefier a Brand stoung.

Dowéinst gouf den Tunnel a béid Richtunge gespaart. Och d'Opfaart Luerenzweiler huet musse gespaart ginn, grad ewéi den Tunnel Stafelter a Richtung Norden.

Mëttlerweil ass nees eng Spuer a Richtung Stad op. D'Opfaart Luerenzweiler bleift bis en Dënschdeg de Moie 5 Auer zou. A Richtung Fridhaff leeft de Verkéier nees normal op alle Spueren.

Back to Top
CIM LOGO