
Den Armand Clesse war jo vun zwee Jeeër, ënnert hinnen de viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener, ugesicht ginn, dat wéinst Aussoen an där Emissioun.
De fréieren Direkter vum „Institut d'études européennes et internationales“ hat vun deenen zwee Jeeër virgehäit kritt, der Éier vu Jeeër geschuet ze hunn, dat zu verschiddenen Zäitpunkten. Ënner anerem hätt de Politolog ëmmer nees erkläert, d'Jeeër wäre Mäerder, déi also mat Virsaz doutmaache géifen, woufir déi zwee Männer all Kéiers 2.500 € Schuedenersatz gefrot haten.
„Ech wäert Jeeër weider, egal wat d'Konsequenze sinn, als Déieremäerder bezeechnen, an der Hoffnung, dass iergendwann e Bewosstsinnswandel kënnt, eng aner Astellung géintiwwer vun Déieren!", dat sot den Armand Clesse e Freideg de Moien um Dikrecher Geriicht, kuerz nodeems hien do zu enger Geldstrof vun 100€ an zum Bezuele vum symboleschen Euro un zwee Jeeër verurteelt gi war.
D'Urteel géif genee deem entspriechen, wat hie sech erwaart hätt, sot den Armand Clesse. Hie wéilt awer, dass d'Affär géif weider goen. Dëst Urteel géif allzäit näischt dorun änneren, wéi hie Jeeër betruechten a se weider nenne géif.
Alles anescht wéi Jeeër Mäerder ze nennen, wär awer puer Heuchlerei, huet den Armand Clesse e Freideg de Moien nom Urteelssproch fonnt, an et géif him drëms goen, d'Heuchlerei vun eiser Gesellschaft opzedecken.
Armand Clesse:„...dass se grouss Prinzippie verkënnegen, wéi se d'Liewe schützen, mä dann an der Wierklechkeet absolut kee Respekt virum Liewen do ass!"
D'Urteel vun haut wär speziesistesch, d.h. et géif eng Spezies doduerch diskriminéiert ginn:
Armand Clesse: „D'Riichteren, déi musse sech un d'Gesetzer halen, dat ass jo ganz kloer. Mä dat beweist, dass et héich Zäit gëtt, dass d'Gesetzer, dass d'Recht wierklech, am Fong, geännert gëtt, an net esou kleng Kosmetik wéi bei dem Déieregesetz!"
Fir den Armand Clesse wär et aussergewéinlech an enger Demokratie, dass een eppes net mat de richtege Wierder bezeechne kéint:
Armand Clesse: „...dass ee Barbaren net kann als Barbare bezeechnen, a Mäerder als Mäerder! Wéi soll een dann e Jeeër, eben an dësem Fall, deen e Liewewiesen ëmbréngt, bezeechnen, wann net als Mäerder? Dat ass einfach objektiv! Dat Urteel, dat geet un der objektiver Wierklechkeet laanscht, an un der Wourecht!"
Dobäi wär et un der Justiz, fir d'Wourecht erauszefannen:
Armand Clesse: „Hei gëtt d'Wourecht op de Kapp gestallt! Dat ass ganz schlëmm! Ech weess net, ob dat ville Leit bewosst ass, mä ech hoffen, wann net, dass dat an Zukunft da bewosst gëtt! Dorëms geet et och!"
Mord dierft hei net als Mord bezeechent ginn, huet den Armand Clesse bedauert, fir deen de Riichtere vläicht d'Hänn gebonne wären; da géif et awer héich Zäit ginn, fir dat grondleeënd ze änneren.De Marc Glesener, ee vun de Jeeër, déi geklot hunn, freet sech iwwert dës Urteel.
Marc Glesener: "Ech stelle fest, datt den Här Clesse verurteelt ginn ass a freeë mech doriwwer. Et ass net z'entschëllegen, Jeeër als Mäerder ze bezeechnen an et ass inakzeptabel ze soen, Jeeër géifen d'Bezeechnung "Mënsch" net verdéingen. Et ass inakzeptabel, Jeeër och nëmmen undeitungsweis an de Kontext vun deen ze stellen, wat zu Auschwitz un onmënschlechem geschitt ass."
De Me Baulisch, Affekot vum Armand Clesse, sot sech „maasslos enttäuscht", dat kéint een net anescht beschreiwen. Den Armand Clesse ka sech esouguer virstellen, bis op den Europäesche Mënscherechtshaff zu Stroossbuerg ze goen.
En attendant ass emol en zweete Prozess hei am Land virprogramméiert.