Bedruchsmaschen - Deel 2Geldverspriechen an ongedeckte Schecken

RTL Lëtzebuerg
De Begrëff "Nigeria Connection" ass vun der däitscher Police agefouert ginn opgrond vun de verschiddenste Bedruchsmaschen.
© Pixabay

Engersäits gëtt ëmmer mat neie Geschichte versicht d’Leit iwwer den Dësch ze zéien, andeems och eng Vertrauensbasis opgebaut gëtt. D’Guttgleewegkeet vun de Leit hëlleft deenen Onéierlechen awer och.

Am 2. Deel iwwer d’Nigeria Connection beliichte mir d’Bedruchsformen, déi mat Suen ze dinn hunn.

Bedruchsmaschen - Deel 2 / De Reportage vum Sandra Mélan

D’Police kritt ëmmer erëm gemellt, datt d’Leit vun Onbekannten iwwer Mail oder iwwer déi verschiddenst Appe kontaktéiert ginn a sougenannte lukrativ Offere gemaach kréien. Eng vun den eelsten Tricken vun der Nigeria Connection ass dee vun dem Geldverspriechen, seet de Steve Goedert, Commissaire en Chef a Responsabel vum Service Prévention vun der Police an Stad.

An engem Message kritt ee Sue versprach, zum Beispill wéinst enger blockéierter Ierfschaft. Do wiere Fraisen ze bezuelen an als Belounung géing d'Ierfschaft gedeelt ginn. Bei sou Messagen soll een virsiichteg sinn. Do wier et besser op "Delete" ze drécken.

Niewent dem Geldverspriechen gëtt et och d'Bedruchsmasch mat den ongedeckte Schecken. Et ginn eben nach Länner, an deenen et nach Schecke ginn, an ënner anerem dowéinst gehéieren dës och nach zur Realitéit. An dat grad am Zäitalter vum Internet, besonnesch wann een zum Beispill säin Auto wëll op de verschiddensten Internetsitte wëll verkafen. No kuerzer Zäit kritt ee Reaktiounen an dëst och vun Onéierlechen.

D'Offer besteet doran, e gewëssene Montant per Scheck ze kréien. Dee Montant ass dacks méi héich, wéi dat. wat gefrot ass. Ass den Auto bis fort an et geet ee mam Scheck op d'Bank, stellt sech eraus, dass dee gefälscht ass oder net gedeckt, seet de Steve Goedert.

Am Beschten ass et de Keefer an deem Fall perséinlech ze treffen, sou nach de Steve Goedert. Kritt ee d'Optioun mam Scheck bezuelen proposéiert, sollt een dann awer op e Virement bestoen oder d'Sue cash verlaangen. E weidere wichtegen Tipp ass, datt een onbedéngt soll op säi Bauchgefill soll lauschteren.

E Freideg héiert Dir um 10.45 Auer den 3. Deel iwwer d'Thema Nigeria Connection.

Bedruchsmaschen - Deel 1: "Wash-Wash-Trick" a "Romance Scamming"

Back to Top
CIM LOGO